Elo soll e ganze Renouveau kommen. Gestart ass de Projet mam Kaf vun 6 Embraer Maschinnen an 10 Boeingen. Den éischte vun de 16 Fligere koum Enn November um Findel un, an elo de leschte Samschden ass et fir d‘éischt Richtung Wien gaangen. Mat u Bord och d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes.
Zwee Joer hat een no der Commande misse waarden, bis den neien Embraer E2 vun der Luxair mat Passagéier an der Luucht war. Enn November ass de Fliger vu Brasilien aus der Produktiounshal op Lëtzebuerg komm. Eng Rees, déi net alldeeglech ass. D’Luxair ass eng regional Airline a flitt an der Reegel net sou wäit. 9.000 Kilometer ware fir déi nei Maschinn dann och ze wäit, fir an enger Kéier eriwwer op Lëtzebuerg ze kommen. Dofir huet een zu Las Palmas op Gran Canaria missen eng Nuecht eng Paus maachen. Moies fréi ass et du weidergaangen, well fir Punkt 14 Auer war d’Receptioun mat ronn 100 Leit virgesinn, déi am Hangar um Findel gewaart hunn.
Et ass e speziellen Ament fir déi ganz Ekipp, déi mat u Bord ass. 18 Leit, déi intensiv um Projet matgeschafft hunn, sinn de Fliger mat siche gaangen. Fir de Christophe Toussing an de Frédéric Willieme, déi zwee Piloten, ass et eng Belounung vun hirer Aarbecht aus de leschte Méint.
All Modell vu Fliger ass anescht, dofir muss een am Virfeld all neie Fliger nei léieren ze fléien. Am Februar 2025 hu 4 Pilote vun der Luxair, dorënner och de Christophe an de Frédéric, domadder zu Zürich an der Schwäiz ugefaangen. De ganze Summer iwwer ass een duerch d‘Kooperatioun, déi ee mat der Schwäizer Fluchgesellschaft Helvetic Airways hat, mam Embraer E2 geflunn. Doduercher géif ee Routinnen opbauen an et kéint ee léieren de Fliger ze beherrschen.
Et ass e laange Prozess, fir sech bei enger Fluchgesellschaft ze erneieren. Et keeft een net einfach esou dee Fliger, deen engem gefält, ma et ginn iwwer Méint Tester an Analysen duerchgefouert, déi d‘Decisioun mat wéi engem Produzent een herno schafft, ënnermaueren. Fir eng regional Airline wéi d‘Luxair hätt dësen neie Fliger awer herno d‘Course gemaach, och wéinst de Virdeeler fir de Confort vum Client. Et huet een tëscht de Sëtzer déi maximal Distanz ausgewielt, déi méiglech war. A fir sou eng grouss Erneierung brauch et och genuch Piloten, dofir hätt ee schonn 2023 ugefaangen, nei Piloten ze rekrutéieren an och selwer ze forméieren. E Konzept, dat opzegoe schéngt.