D'Aktualitéit vun enger WochDen neien RTL-Podcast "Wocheréckbléck"

RTL Lëtzebuerg
D'Aktualitéit vun enger Woch, kompakt resuméiert an analyséiert vum Jacques Kapp elo och als Podcast.

Am neie Podcast "Wocheréckbléck" geet et ëm Terrassen a Verandaen, souwéi ëm Paul Würth an opgerappte Fënsteren. Des Weidere geet och nach rieds iwwer Virus-Clusteren an Altersheemer.

Den Ufank vun eiser Chronik awer mécht d'Impfcampagne.

Fir den AstraZeneca-Vaccin ënnert d'Leit ze bréngen, huet d'Regierung en Appell u Fräiwëlleger gemaach, an dat nom Motto: Déi Éischt si vir!

Lauschtert eran, vun elo un all Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

Back to Top
CIM LOGO