Chômage zu LëtzebuergDen Taux ass am August nees ganz liicht geklommen

RTL Lëtzebuerg
De Chômagetaux louch leschte Mount bei 4,8 Prozent, also ee Prozentpunkt méi ewéi de Mount virdrun.

Op ee Joer gekuckt ass de Chômage erofgaangen: am August d’lescht Joer louch den Taux nach bei 5,5 Prozent.

Wéi d’Adem an de Statec en Dënschdeg de Moie matgedeelt hunn, waren Enn August 14.150 Leit op der Sich no enger fester Schaff, also 1.970 manner ewéi am selwechte Mount virun engem Joer.

Et wier awer festgestallt ginn, datt déi lescht Méint d’Zuel vun den neien Demandë fir eng Plaz nees an d’Luucht geet.

ADEM: Le nombre de demandeurs d’emploi se stabilise

Back to Top
CIM LOGO