
Déi faarweg Waggonen sinn zemools an der Woch wärend de Schaffzäite gutt gefëllt. Aktuell gëtt um Kierchbierg och un enger zweeter Tramslinn geschafft. Wéi gutt geet et viru mat den Aarbechten a kann den Zäitplang agehale ginn?
Zanter gutt annerhallwem Joer lafen d'Aarbechte um Kierchbierg fir déi nei Tramslinn, déi vun der rouder Bréck, iwwert de Boulevard Konrad Adenauer, bis bei d'Luxexpo soll féieren. De Projet gëtt an e puer Etappe realiséiert. An enger éischter Phas gëtt un engem Tracé vu gutt 2 Kilometer geschafft, dee vun den europäeschen Institutioune bis bei d'Europaschoul geet.
Aktuell leeft alles no Plang, verséchert de Generaldirekter vu Luxtram, Helge Dorstewitz: "Ja wir sind im Moment dabei die Platformen soweit vorzubereiten, dass wir noch dieses Jahr die ersten Schienen verlegen können, das im unteren Bereich, das heisst etwa auf Höhe der Coque wird die Schienenverlegung anfangen."
Geplangt sinn zwou Haltestellen. D'Arrêten "Commission européenne" an "Ecole européenne" sollen Enn August d'nächst Joer kënnen desservéiert ginn, also dee Moment, wou fir d’Europaschoul d'Schoulrentrée ufänkt. Käschtepunkt 106 Milliounen Euro. Fir den zweeten Deel, also vun der Europaschoul bis bei d'Luxexpo, gëtt et nach kee geneeën Zäitplang.
"Wir möchten diesen Abschnitt in Betrieb nehmen, zusammen mit der Eröffnung des neuen Lycée Michel Lucius, das im Quartier Kuebebierg gebaut werden wird."
Dee soll viraussiichtlech 2030 fäerdeg ginn an déi éischt Schüler empfänken. Wéi vill d'Aarbechte fir deen zweeten Deel wäerte kaschten, konnt de Luxtram-Direkter net soen. Den Tram gëtt déi nächst Joren nach weider ausgebaut an dat ass net vu Muttwëll. Zejoert goufen am Tram ronn 35 Millioune Passagéier gezielt.
"Das heisst zwischen Montag und Freitag haben wir immer fast immer über 120.000 Reisende pro Tag. Mit Spitzen um 125.000 pro Tag."
Mat der neier Tramslinn dierften et der an Zukunft wuel nach méi sinn. Am Summer huet d'Chamber iwwerdeems gréng Luucht ginn fir d'Extensioun vum Tram vun der Stäreplaz erop bei de Centre Hospitalier. 2029 soll et hei lassgoe mat den Aarbechten.