
Och d’parlamentaresch Aarbechten an der Chamber kaschte Suen. Sou goufen zejoert knapp 7,8 Milliounen Euro un Dotatioune fir d’Deputéiert ausbezuelt. D’Indemnitéit vum Chamberpresident Fernand Etgen louch zum Beispill bei 75.000 Euro.
D’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, kruten e Fonctionnementskredit vun insgesamt 5,3 Milliounen Euro, woubäi d’Disparitéite jee no Zuel vun Deputéierte ganz grouss sinn. Sou krut d’CSV 1,3 Milliounen Euro, d’DP ronn eng Millioun Euro, d’LSAP 950.000 Euro, déi Gréng 820.000 Euro, den ADR 530.000 Euro an d’Piraten an Déi Lénk all Kéier eng 270.000 Euro.
D’Fraise fir d’Deplacementer, déi d’Deputéiert am Kontext vun hirer parlamentarescher Aarbecht hunn, goufe mat ronn 66.000 Euro chiffréiert. De Congé politique huet Käschte vun 1,4 Milliounen Euro ausgemaach.
D’Käschten, fir d’Personal vun der Chamber ze bezuelen, hu mat bal 14 Milliounen Euro zu Buch geschloen. Fir Loyeren, notamment fir Parkingen, waren 250.000 Euro ugefall.
D’Publikatioun vum Chamberbliedchen, dat jo lo nëmmen op Commande geliwwert gëtt, huet 2021 eng 900.000 Euro kascht.
Dësen auditéierte Bilan gouf vun der Konten-Kommissioun vun der Chamber guttgeheescht.