
Mat enger Moyenne vun 12,8 Grad Celsius louch een de leschte Mount ganzer 2,9 Grad iwwert dem Klimanormalwäert vun de Joren 1991 bis 2020, wou se bei 9,9 Grad louch. Just am Oktober 2006 goufe scho vergläichbar Temperaturen erreecht.
Déi héchst Temperatur, déi am Oktober dëst Joer gemooss gouf war 21,8 Grad. Hei ass een nach wäit gewiescht vum Rekord vu 26 Grad, déi den 2. Oktober 2011 gemooss goufen.
Wéi MeteoLux oplëscht, gouf et zanter 1947 schonn 11 Oktoberen, wou Temperaturen iwwer 20 Grad erreecht goufen. Allerdéngs hätt ee festgestallt, datt dat zanter den 2000er Jore méi heefeg ginn ass.

De ganze Rapport vu MeteoLux iwwer d’Temperaturen am Oktober 2022.