ChamberkommissiounDetailer iwwer Spacefong goufe presentéiert

RTL Lëtzebuerg
Den annoncéierte Spacefong soll an enger éischter Phas mat 70 Milliounen € gespeist ginn. Et ass kee Fong vun der Regierung.

Neie Spaceplang: De Reportage vum Nadine Gautier

De Lëtzebuerger Staat participéiert mat engem Montant vun 26 Milliounen Euro, d’SNCI (Société Nationale de Crédit et d'Investissement) mat 10 Milliounen Euro a Privatacteuren komme fir de Rescht op. Dat war um Donneschdeg de Moien an der Wirtschaftskommissioun gewuer ze ginn, wou et och eben ëm de Weltallsecteur goung.

Mam Fong, dem Orbital Ventures, sollen an Zukunft StartUppe finanziell ënnert d’Ärem gegraff kréien, déi nach ganz am Ufank vun hire Geschäfter sinn. Eng amerikanesch Firma soll fir de Management vum Fong responsabel sinn. Do wollt de Minister awer keng weider Detailer nennen.

Donieft gëtt de Moment och schonn aktiv un engem zweete Fong geschafft, esou de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Dat ass ee Fong, an deen däitlech méi Sue fléissen, dëst an enger Gréisstenuerdung vun 200 bis 500 Milliounen Euro.

An déi Sue sollen un Entreprise goen, déi schonn eng gewëssen Experienz am Domaine hunn. D’Sue sollen awer net nëmmen an Entreprise fléissen. Et huet een och Erwaardungen. D'Iddi ass och Suen domadder ze verdéngen. De Fong soll ee grousse Rendement hunn, fir den Investisseur Staat. An en soll dozou féieren, dat de Standuert Lëtzebuerg nach méi interessant gëtt, an nach méi Firmen op Lëtzebuerg ugezu ginn, sou den Etienne Schneider.

Um Donneschdeg de Moie war et dann och d’Presentatioun vum fuschneien Aktiounsplang, deen d’Joren 2020 bis 2024 couvréiert. De Plang stoung zwar net um Ordre du Jour vun der Chamberkommissioun. Dat well en eréischt frësch aus dem Drock ass. Konkret wëll een seng Strategie weider suivéieren, an sech op Acquisen vun de leschte Joren baséieren.

© Nadine Gautier (Radio)

Etienne Schneider: Mat deem Plang hu mir et méi strukturéiert op de Pabeier bruecht. Wat ass déi nächst Joren ugesat.

E Projet, deen an Zukunft ufält, ass de Lancement vun engem Microsatelitt, made in Luxembourg. Dee gouf hei zu Lëtzebuerg zesummegesat. Derhannert stinn d’Lëtzebuerger Entreprise Lux Space an ee kanadesche Fournisseur. Mat deem Satellit solle Schëffer op der ganzer Welt kënnen identifizéiert an suivéiert ginn, heescht et.

Tëscht 2012 an 2018 ass d’Zuel vun den Aarbechtsplazen am Weltraumsecteur ëm 31 Prozent an d’Luucht gaangen. D’Zuel vun den Entreprisen hei zu Lëtzebuerg hu sech quasi verduebelt.

An d’Zukunft gekuckt, heescht et datt, Lëtzebuerg déi nächst Joer am Kader vun de Programmer vun der ESA oder aneren Initiativen Contributioune vun ëm déi 198 Milliounen Euro maache wäert.

PDF: Luxembourg Space Agency - Nationalen Aktiounsplang

Back to Top
CIM LOGO