Virowend vun Nationalfeierdag an der StadD'Freedefeier am Replay a Fotoe vum Fakelzuch

RTL Lëtzebuerg
Zéngdausende Leit waren e Mëttwoch den Owend an der Stad, fir sech d'Feierlechkeete vun Nationalfeierdag net entgoen ze loossen.
© RTL-Grafik

No enger Paus wéinst der Corona-Pandemie war e Mëttwoch den Owend nees e grousst Freedefeier an der Stad. Iwwer 15 Minutten huet de Spektakel gedauert. Responsabel fir den traditionelle Liichter-Spektakel war op en Neits de Jo André, an dat fir d'34. Kéier. Op enger Rei Remorquë gouf d’Pyrotechnik bis den allerleschten Dag vun enger Ekipp vu ronn 12 Leit zesummegebaut.

Freedefeier an der Stad
.....

Virum Freedefeier ass a Presenz vun der Groussherzoglecher Famill och nees den traditionelle Fakelzuch duerch d’Stroosse vun der Haaptstad gezunn.

Weider Fotoe vun Nationalfeierdag fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO