Virowend vun NationalfeierdagD'Freedefeier fir d'Festivitéiten e Mëttwoch den Owend gëtt preparéiert

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt gebotzt, opgeriicht, Stroosse gespaart an och d'Freedefeier gëtt e puer Deeg virum eigentlechen Event, dem Nationalfeierdag, scho preparéiert.
D'Freedefeier fir d'Festivitéiten gëtt preparéiert
Et gëtt gebotzt, opgeriicht, Stroosse gespaart an och d’Freedefeier gëtt e puer Deeg virum eigentlechen Event, dem Nationalfeierdag, scho preparéiert.

An 3 Deeg ass et nees esou wäit. No zwee Joer Corona-bedéngter Paus gëtt dëst Joer erëm Nationalfeierdag traditionell gefeiert. Ma vill Leit wäerte sech virun allem op de Virowend freeën.

De Fakelzuch, Iess- a Gedrénksstänn a vill Musek sinn um Programm. Ma den Highlight vum Owend wäert awer wéi gewinnt wuel nees dat grousst Freedefeier sinn.

D’Preparatiounen dofir lafen op Héichtouren. Responsabel fir de traditionelle Liichter-Spektakel ass op en Neits de Jo André, an dat fir d'34. Kéier. Op enger Rei Remorquë gëtt d’Pyrotechnik bis den allerleschten Dag vun enger Ekipp vu ronn 12 Leit zesummegebaut.

An deem Kader sinn och nees eng Rei Stroosse gespaart.

Back to Top
CIM LOGO