Toxesch PlanzenD'Gefore vu Jakobsstaf an Hierschtblumm

Roy Grotz
Och faarweg a flott Blummen a Planzen kënne gëfteg a schiedlech fir Mënsch an Déier sinn.
D'Gefore vu Jakobsstaf an Hierschtblumm
Och faarweg a flott Blummen a Planzen kënne gëfteg a schiedlech fir Mënsch an Déier sinn.

Dat gëllt am besonnesche fir de giele Jakobsstaf ("Jakobskreuzkraut") an d'Hierschtblumm ("Herbstzeitlose"), déi an de Wisen a laanscht d'Stroossen hei am Land ze fanne sinn.Bauere wëssen et: Dëst sinn toxesch Planzen, déi am Hee oder Silo verschafft a verfiddert fir Déiere kënne potentiell déidlech Suitten hunn, mee d'Responsabel aus der Naturverwaltung an dem Agrarministère si sech der Problematik bewosst.

Well et dës Zorte Planzen natierlech ewell zanter Joerhonnerte ginn - zwou Zorte Planzen, déi u sech, wa se frësch sinn, net vun den Déiere gefriess ginn, mee, wéi gesot, absënns a Botte mat verfiddert ginn, ouni dass gewosst ass, wat fir eng Quantitéit vun de gëftege Planzen dann an de Botten dran ass.

Et gi wuel entspriechend Kontrollen an de Betriber gemaach, mee dëst sinn natierlech ëmmer nëmme Stéchprouwen. Duerfir responsabel sinn de Liewensmëttel-Iwwerwaachungs-Service vum Nationale Labo an d'Fondatioun Hëllef fir d'Natur.

Am Laf vun dësem Joer goufen 9 Echantillonen analyséiert, souwuel Hee wéi och Silo: An enger vun dësen Hee-Stéchprouwe ware ganz vill toxesch Partikele vun der Hierschtblumm.

D'Prouf gouf dann och gemaach, nodeem e Päerd bei enger Privatpersoun gestuerwen ass - De Grond fir den Doud kéint eeben déi gëfteg Planz gewiescht sinn, wat d'Geféierlechkeet weist.

Och d'Asta weess vun dësem Déieren-Doud no der Kontaminatioun mat de Substanze vun der Hierschtblumm oder nach der Uuchteblumm.

D'Bauere kënne sech iwwerdeem an enger Publikatioun vun der Naturverwaltung iwwert d'Gerance vun hire Gréngflächen informéieren, mam besonnesche Bléck op d'Ewechméie vu Jakobsstaf an Hierschtblumm respektiv dem Asaz, wou et dann erlaabt ass, vu Pestiziden.

Déi gëfteg Planze mussen awer nach laanscht d'120 Kilometer Stroosseborden am A behale ginn, déi laanscht landwirtschaftleche Flächen, also Wisen a Stécker leien. Responsabel sinn duerfir d'Ponts et Chaussées.

Gewosst ass, datt laanscht dëse Stroossen iwwer Land ronn 1.330 Hektar Acker-Land leien, déi also potentiell duerch de Jakobsstaf respektiv och d'Hierschtblumm betraff sinn.

All dës Informatiounen iwwert den Hunnekapp an d'Uuchteblumm an hir potentiell gesondheetlech Konsequenze fir Mënsch an Déier liwweren direkt 5 Ministeren, nämlech Lenert, Dieschbourg, Bausch, Schneider a Bofferding, op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum DP-Deputéierte Gusty Graas.

Ervirgehuewe gëtt och, datt d'toxesch Stoffer u sech keng direkt Gefor fir d'Mënschen duerstellen, also och net, wann Fleesch, Mëllech oder Eeër consomméiert ginn - anescht natierlech, wa sou Substanzen an engem Téi sinn oder am Hunneg - mee och da sinn dës Quantitéite wuel éischter negligeabel. Et sinn also d'Déieren, déi duerch d'Alkaloiden aus den zwou Planze betraff sinn.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Jeff Engelen a Fred Keup

Back to Top
CIM LOGO