30 Joer feste Prisong ass d’Strof, déi d’Riichter géint d’Mamm vum klenge Bianka, dat zanter Juli 2015 als vermësst gëllt, gesprach hunn. Domadder verhänkt d’Geriicht eng Strof, déi duebel esou héich ass ewéi déi, déi vum Parquet gefuerdert gouf.
D’Mamm huet sech Enn zejoert ënner anerem wéinst Mord, Doudschlag a Vernoléissegung vun hirem Puppelche misse viru Geriicht veräntwerten. Zeréckbehale gouf dovun d’Vernoléissegung. D’Reprochë vum Mord oder Doutschlag goufen deemno fale gelooss. Ma déi Ugekloten hat als Mamm d’Garde vum Bianca. Wa si d’Kand weder fiddert nach em eppes ze drénke gëtt an d’Kand dann an hirer Garde stierft, steet dorop eng liewenslänglech Prisongsstrof, och wann den Dout net gewollt war. D’Geriicht ass an dësem Fall liicht ënnert lieweslänglech bliwwen, well d’ Enquête esou laang gedauert hat.
Déi Ugeklot huet elo 40 Deeg Zäit, fir géint d’Urteel an Appell ze goen. Esoulaang bleift si op fräiem Fouss.