
Déi richteg Gripp, d’Influenza, huet hei am Land den Niveau vun enger Epidemie erreecht. De Chef vun der Inspection Sanitaire, den Dr. Pierre Weicherding, huet dat dem Radio 100,7 confirméiert. 5 bis 20% vun der Populatioun kéinten infizéiert ginn. D’lescht Joer war d’Gripp jo méi hefteg wéi soss alt mol Joren.
Dëst Joer hu sech awer jo méi Leit impfe gelooss, et gouf jo kee Vaccin méi. Et kéint dowéinst sinn, datt manner Leit Komplikatiounen entwéckele wéi déi Jore virdrun.
Mëtt Dezember zejoert koum d’Nouvelle, dass ee sech net méi géint d’Gripp konnt impfe loossen. De Grond: Et war einfach kee Vaccin méi do.
Net manner wéi 4 Deputéiert, nämlech Di Bartolomeo, Hahn, Halsdorf an Engelen hunn doropshi jeeweils eng parlamentaresch Fro un de Santé-Minister gestallt, a wollte wëssen, wéi dat méiglech ass. D’Äntwert vum Etienne Schneider huet dräi an eng hallef Säit an d’Problemer gi genee beschriwwen.