Dacks ginn Fäll vun Ëmweltverschmotzung vu Spadséiergänger oder och Fëscher gemellt. Mä wat geschitt duerno? Dës Fro huet d'Federatioun vun de Lëtzebuerger Sportfëscher e Sonndeg den Owend am Journal op der Télé opgeworf. Et gi méi konkret Konsequenze vu Politik a Justiz gefuerdert.
An 190 vun de 441 Fäll konnt de Responsabel identifizéiert ginn, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg an hirer Äntwert op eng Parlamentaresch Fro.
D'Reprochë vun de Fëscher, dass et u konkrete Konsequenze géing feelen, weist d'Ëmweltministesch vu sech. D'Entitéite géinge gutt zesummeschaffen, d'Verwaltunge vum Ëmweltministère géingen och mat der Police op den Terrain goen. An all Tëschefall géing un de Parquet weidergeleet ginn.
Mä "d'Politik huet d'Aufgab, de Kader ze setzen, duerch gutt Gesetzer oder duerch d'Erhéije vun de Strofen, wéi zum Beispill beim Littering. An duerno, wann d'Saache bis opgeholl gi sinn a weider muss recherchéiert ginn, dann ass dat och net méi an eiser Hand. An dat ass och net d'Aufgab vun der Politik, ze jugéieren."
Wien Zigarettestëmp oder de Knätsch op de Buedem geheit an dobäi erwëscht gëtt, muss aktuell mat engem Protokoll vun 49 Euro rechnen. Dës Zomm soll dann an Zukunft erhéicht ginn. Dass d'Verknaschte vun der Ëmwelt kee Kavaléiersdelikt ass, wier och doranner ze gesinn, dass Tëschefäll vu Bierger a Biergerinnen erkannt an direkt gemellt ginn. An dat wier och immens wichteg, esou d'Ëmweltministesch:
"Alles, wat mer gemellt kréien, kucke mir eis un an et kënnen och direkt Mesuren ergraff ginn. An Fäll, wou iergendwou Ueleg schwëmmt, kann dee gebremst ginn. Ganz oft ginn dann och Aktioune gemaach mam CGDIS zesummen."
Nodeems den Ëmweltministère d'Affaire un de Parquet weidergeleet huet, wier et awer net ëmmer einfach, deen oder déi Schëlleg ze poursuivéieren.
"Bei enger gréisserer Waasserverschmotzung, wou d'Quelle bekannt ass, souwuel vum Ausgesinn hier, wéi och do, wou et erausleeft, wéi elo rezent an der Sauer, dann ass et esou, dass eis Leit erausginn, an dann gëtt dat opgeholl an dann ginn och direkt Korrekturmesurë gefrot. Dat ass da méi einfach ze recherchéieren. Wann awer en Uelegfilm iergendwou ass oder eng Faarf, da muss fir d'éischt mol gekuckt ginn, wou et iwwerhaapt hierkënnt. Dat ass dann natierlech méi schwéier ze wëssen, wien et war an dat muss da recherchéiert ginn."
Et géing vill méi op d'Präventioun gesat ginn, duerch Gesetzer oder speziell Oploe fir Entreprisen. An och d'Sensibilisatioun an der Gesellschaft géing gefërdert ginn. Den Ëmweltministère verweist dorop, dass de Parquet dofir zoustänneg ass, fir Penalisatiounen auszeschwätzen. Op Nofro krute mir vum Parquet gesot, dass eis Ufro géing gepréift ginn, fir e Méindeg war en Interview net méiglech.