Änlech ewéi Payconiq oder de Virgänger Digicash, kann ee mat Wero direkt Iwwerweisungen iwwer den Handy maachen oder Rechnunge mam QR-Code bezuelen. Mam Ënnerscheed, datt et sech hei ëm eng europäesch Léisung handelt, déi och schonn an eisen Nopeschlänner Belsch, Frankräich an Däitschland benotzt gëtt. No enger Transitiounsphas vun dräi Méint, soll Payconiq dann Enn September definitiv der Vergaangenheet ugehéieren. Elo awer scho funktionéiert Payconiq a vereenzelte Commercen net méi.
Aktuell wiere ganz wéineg Commercen am Grand-Duché dovu betraff, verséchert d’Ananda Kautz vun der Bankenassociatioun ABBL. Nämlech ee bis zwee Prozent. Mam Switch op den europäesche Bezuelsystem Wero, hätt dat näischt ze dinn. Villméi mat engem Kontrakt mat engem anere Provider. Payconiq géing nach bis September normal funktionéieren. Elo awer scho lafen d’Virbereedunge fir d’Transitioun op déi nei Solutioun, déi vun enger strateegescher Partnerschaft tëscht Buckaroo, Payconiq International an der European Payments Initiative( EPI) am Grand-Duché ëmgesat gëtt. Payconiq géing seng Kontrakter mat de Commercen Enn des Mounts u Buckaroo transferéieren. Un den aktuelle Kontrakter mat Payconiq géing näischt änneren. Vu Juli un dann hätten d’Commerçanten d’Méiglechkeet, sech fir deen neie System Wero ze entscheeden.
Och fir d’Utilisateuren ännert sech der Ananda Kauz vun der ABBL no net vill. D’Banken, déi haut scho Payconiq proposéieren, notamment d’Spuerkeess, d’BIL, d’BGL, d’Post an d’Raiffeisen, géingen am Summer dann déi europäesch Alternativ Wero aféieren an hir Clienten am Virfeld informéieren. D’Fonctionnalitéite géingen déi selwecht bleiwen. An de groussen Avantage wier eben, datt ee kéint am Ausland domat bezuelen, also a Frankräich, an der Belsch, an Däitschland a geschwënn och an Holland.
Wero, wat sech iwwregens aus de Wierder “We” an “Euro” zesummesetzt, ass awer net déi eenzeg europäesch Alternativ. Et gëtt och nach d’European Payments Alliance, déi haaptsächlech am Süde vun Europa benotzt gëtt. Zil wier et, datt déi zwee Systemer matenee funktionéieren, fir kënnen eng eenzeg paneuropäesch Léisung ze kreéieren. Dee Moment kéint een also och a Länner déi op European Payments Alliance zeréckgräifen, mat der Wero-App bezuelen. Eng Konkurrenz wier dat also net. Béid Systemer gesi sech als europäesch Alternativ zu den digitale Bezuelungsdéngschter aus den USA, ewéi Paypal, Google Pay an Apple Pay.
Ee vun dräi Lëtzebuerger Residentë mécht seng Iwwerweisunge mëttlerweil iwwert eng App mam Handy. Dat weist eng Etüd déi am Oktober an de Memberlänner vun der Eurozon realiséiert ginn ass.