
Mir hate leschte Mount iwwert ee Joer gesinn eng Präisdeierecht vu 6,6%. Haaptgrond fir dës Hausse sinn natierlech d’Pëtrolspräisser. Elleng am Februar ass den Diesel ëm 6,6% méi deier ginn, de Bensinn ëm bal 5%. Beim Masutt war et ee Plus vun iwwer 12%, beim Äerdgas a beim Stroum war et méi wéi 6%. Vergläicht een d’Präisser mam Februar 2021, esou ass et bei de Pëtrolspräisser eng Hausse vun 51,7%.

De Rekord hunn allerdéngs Schong a Kleeder mat enger Hausse vu bal 16%. Verschidde Liewensmëttel, wéi Pizzaen (-2,9%), frësche Fësch (-3,4%) oder Miel a Gebeess (-2,7%) dogéint si liicht méi bëlleg ginn.