Félix Eischen"D'Inflatioun wéinst dem Ukrain-Krich kéint Horeca-Secteur schwéier treffen"

RTL Lëtzebuerg
Duerch de Krich an der Ukrain kéint mat enger Inflatioun vu bis zu 6 Prozent ze rechne sinn, dat sot de CSV-Deputéierte Felix Eischen um Donneschdeg.

Dat am Kader vun enger Aktualitéitsstonn iwwert d’Situatioun vun de Betriber aus dem Horeca-Secteur. Dës Betriber hätte wéinst der Pandemie keng Reserven a wiere verschëlt. Do géingen dann elo Inflatioun a Präisdeierecht dobäi kommen. Déi héich Energiepräisser wieren elo schonn e Problem fir d’Horeca-Betriber, d’Präisser op der Wuer wieren explodéiert, wat eng Baisse um Revenu géing mat sech bréngen, esou de Felix Eischen.

“Wann een un eng Cafésconsommatioun denkt, dann denkt een nieft dem gudde Patt vun der Musel och un eise Béier. An unhand vum Béier léisst sech déi Präisexplosioun nawell relativ gutt illustréieren. Bei engem Verkafspräis vun 2,60€ de Mini mécht de Präis vum Béier elo selwer 78 Cent aus. A wann een d’Käschten dann alleguer ofgerechent huet, da bleift dem Wiert nach 26 Cent. Dat si ronn 10 Prozent. Da muss deselwechte scho relativ vill zapen, fir zu sengem ze kommen. Mat 26 Cent marge bénéficiaire ass et sécherlech net einfach, e Betrib um Lafen ze halen, ech mengen, do si mer eis all eens. Oder en hieft seng Präisser an da si mer rëm alleguer rosen.”

Donieft hätten d’Beruffer aus dem Secteur net dee selwechte Renommee wéi am Ausland an d’Attraktivitéit hätt gelidden.

Dem Felix Eischen no hätt den Horeca-Secteur an de leschten 2 Joer 2.000 Leit, also 10 Prozent vun de Mataarbechter, verluer, sou de CSV-Deputéierten. Deem misst hie widderspriechen, esou den Aarbechtsminister Georges Engel.

“Hei sinn op alle Fall d’Zuelen, déi ganz kloer sinn: An der Moyenne pro Mount am Joer 2020 waren ongeféier 2.190 Leit op der Sich no enger Aarbecht am Horeca-Secteur. An am Joer 2021 waren et der nach 1.890, also ronn 300 Leit manner. Do si mer no bei den Zuele vun 2018 an 2019.”

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet iwwerdeems ënnerstrach, iwwert d’Classes moyennes wiere 550 Milliounen Euro un d’Betriber gefloss an et hätt ee weder eng Hausse vun de Faillitten, nach vun den Annulatioune gesinn. Am Géigendeel wieren et der manner gewiescht, wat och géing weisen, datt d’Hëllefe vun der Regierung gegraff hätten.

Back to Top
CIM LOGO