
Géint 18.30 Auer krute sech an der Lëtzebuergerstrooss zu Fëlschdref en Auto an e Moto ze paken. Dëst ass passéiert, wéi de Motocyclist am Beruffstrafic eng Kolonn vun Autoe lénks iwwerholl huet, een Auto aus der Kolonn awer dunn no lénks a Richtung Haassel ofbéie wollt. Den Auto an de Moto krute sech ze paken an de Motocyclist ass gefall. Hie gouf esou uerg blesséiert, datt hie mam Rettungshelikopter an d’Spidol bruecht gouf.
Ronn annerhallef Stonn virdru sinn um CR134 bei Gouschtenger dräi Motorradsfuerer gefall, wéi si mat enger Grupp ënnerwee waren. D’Streck huet misste kuerz gespaart ginn, fir d’Motorrieder, déi an enger Wiss gelant waren, ze bierge. Éischten Informatiounen no waren d’Biker mam Schreck dovu komm.