Invité vun der Redaktioun (30. September)Djuna Bernard, Députéiert vun déi Gréng

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie sinn déi schlecht PISA-Resultater Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’Schoul ass zanter gutt zwou Wochen amgaang an déi schlecht PISA-Resultater hallen nach no. Mir huelen déi nach emol op de Leescht a kucken eis méi allgemeng de Lëtzebuerger Schoulsystem un.

Mir froen de Moien déi gréng Deputéiert an Oppositiounspolitikerin Djuna Bernard, wéi vill Schold d’Politik um schlechten Ofschneide bei PISA huet oder speziell de laangjärege Minister Claude Meisch.

Muss den Handy aus der Schoul? Gehéiere Sozial Medie fir Jonker verbueden? An ass d’Schoul genuch u KI ugepasst?

Mir diskutéieren dat alles mat der grénger Djuna Bernard live um 8 Auer.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO