Consommatiounsverhale fir d’ChrëschtdeegD’Leit bleiwen och 2025 bei de klassesche Platen

Diana Hoffmann
E Méinden de Moie méi Leit wéi soss beim Grossist zu Leideleng ënnerwee, fir hier Akeef ze maachen.
© Diana Hoffmann

D’Diana Hoffmann live aus der Provencale

Fondue-Bourguignonne oder Raclette géinge fir Chrëschtdag wuel am meeschten um Dësch stoen, mengt den Eduardo Eischen, Direktiouns-Assistent an der Provencale. Dat wier esou wéi all Joer. Fleesch a Fësch wieren ëmmer nach virbäi um Menu. “D’Consommatioun, wéi se nach villäicht bei de Grousseltere war, mat den Dinden, mat de Chaponen, ass net méi au Goût du jour wéi deemools”, mengt den Eduardo Eischen.

Homard, Austeren a Saumon fumé wiere Produiten, déi awer och ëmmer nach fir d’Chrëschtdeeg vill verkaaft géinge ginn. D’Consommatiounsverhale vun de Leit hätt hei net geännert, och wann een dat wéinst der Präisdeierecht eventuell kéint mengen. Fleesch wier kloer méi deier ginn dëst Joer, seet den Eduardo Eischen. Fir Fësch, sou wéi och fir Uebst a Geméis wier dat awer net de Fall. Bei de Mëllechproduite géing een observéieren, dass de Präis esouguer erof gaange wier.

Mat Enkpäss elo virun de Feierdeeg fir gewësse Produiten ass dann net ze rechnen, ausser et kéim ee wierklech dernière Minute, zum Beispill fir Austeren ze kafen.

D’Geschäft fir Neijoerschdag wier dann en änlecht. Bei der Offer géing näischt änneren, wëll och d’Demande déi selwecht wier. Et kéim also dat selwecht op den Dësch, just, dass et generell mam Geschäft e bëssi méi roueg wier. Deels hätten d’Leit nämlech scho virun de Chrëschtdeeg fir Sylvester mat akaaft, ma vill Leit wieren och an der Vakanz.

Back to Top
CIM LOGO