Fondatioun IDEAD’Logementskris zitt sech wéi eng Konstant duerch d’Lëtzebuerger Geschicht

RTL Lëtzebuerg
Lëtzebuerg wier schonn ëmmer an enger Logementskris gewiescht. D’Kris géing just ënnerschiddlech Formen unhuelen, ofhängeg vum geschichtleche Kontext.
© Sabrina Backes / RTL

Dës Thees stellt d’Fondatioun IDEA an hirem neisten Aarbechtsdokument op. Heifir goufen d’Donnéeën tëscht de Joren 1898 bis 2020 analyséiert. An engem zweeten Deel vum Rapport mécht d’Fondatioun ënnert anerem Recommandatioune fir eng Lëtzebuerger Logementspolitik vun der neier Generatioun.

23/02/2022 BAND IDEA Logement Backes (online)

D’Logementskris géing sech wéi eng Konstant duerch d’Lëtzebuerger Geschicht zéien. Sou wier d’Land ëmmer nees mat Penurië geplot gewiescht. Och hautdesdaags wier d’Situatioun um Wunnengsmaart net einfach, seet de Michel-Edouard Ruben vun der Fondatioun IDEA:

“On parle encore toujours d’une crise de logement, qui est une crise qui est symbolisée dans les discours d’un côté par les prix, par la dynamique des prix. Et d’autre part, cette notion de pénurie, donc le fait qu’on ne construit pas assez. Année après année, on voit une situation, où il y’a beaucoup plus de nouveaux ménages qui sont formés que de nouveau logements”

Bis zu 30.000 Wunnenge géifen aktuell feelen, sou d’IDEA. Fir der Situatioun kënnen am Usaz Meeschter ze ginn, huet d’Fondatioun eng Lëscht mat enger Rei Recommandatiounen ausgeschafft.

Eng dovunner bezitt sech op Locatairen, déi an enger schwiereger finanzieller Situatioun sinn. En Drëttel vun de Locatairë géinge méi wéi 40% vun hirer Pai ausginn, fir kënnen de Loyer ze bezuelen. Eng prekär Situatioun, woufir d’IDEA konkret Mesure fuerdert :

«Prioritairement c’est augmenter le nombre de locataires qui touchent vraiment la subvention de Loyer qui existe dans le pays. D’après le calcul, ce sont 30.000 locataires qui sont éligibles à cette aide et à grosso modo seulement 6500 qui la touchent »

© Sabrina Backes / RTL

Weider fuerdert d’IDEA, datt d’Ëmsetze vum Gesetz, dat d’Verloune reegelt, misst méi genee kontrolléiert ginn – absënns um Punkt, dee seet, dass de Loyer soll a Funktioun si vum investéierte Kapital. Nëmme sou kéint garantéiert ginn, datt d’Locatairen net iwwert d’Ouer gehae ginn an ze vill mussen all Mount bezuelen.

Eng weider Recommandatioun bezitt sech op d’Firmen. Dës solle méi eng wichteg Roll spillen. Fréier wier dat ewell de Fall gewiescht andeems zum Beispill d’Arbed enger Rei vun hiren Aarbechter eng Wunneng zur Verfügung gestallt hätt. Dëst wier och haut nach méiglech, sou de Michel-Edouard Ruben:

« Le Luxembourg, les entreprises et les particuliers du Luxembourg peuvent avoir une politique d’investissement au logement de la Grande-Région. Il y a des agriculteurs qui achètent des terrains de l’autre côté. Et là, je me dit, dans un pays où qu’on voit que les projections démographiques qui sont faites le nombre de frontaliers qui sont amenés à continuer à venir travailler au Luxembourg, posséder quelques logements dans la Grande Région me semble que c’est quelque chose d’utile et de nécessaire.»

Luef huet d’Fondatioun IDEA fir d’Demarche vun der Regierung, fir wëlle méi Leit zu Proprietäre vu Wunnengen ze maachen. Dëse Chiffer hält sech zanter Jore mat ronn 60% op engem stabelen Niveau, trotz Immobiliëpräisser, déi ëmmer weider klammen.

Back to Top
CIM LOGO