Stabilitéits- a WuesstemsprogrammD'Oppositioun kritiséiert d'Regierung a ville Punkten

Pierre Jans
Ze optimistesch, realitéitsfriem an net ambitionéiert genuch, sou d'Kritik bei den Debatten en Donneschdeg de Moien an der Chamber.

Debatte Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm / vum Pierre Jans

D'Lëtzebuerger Wirtschaft hätt d'Kris am Verglach gutt iwwerstanen, do ass Blo-Rout-Gréng houfreg drop. Ma am Detail hunn d'Deputéiert vun der Oppositiounsbänk vill verschidde Schwächte bedauert.

Den David Wagner vun déi Lénk huet zouginn, un den Donald Trump geduecht ze hunn, wéi de Finanzminister Pierre Gramegna de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm presentéiert hat.

"Mir hunn et mat enger relativ grousser "Realitéitsleugnung" ze dinn."

Den Detail vun der Kritik duerno, mä hei gëtt kloer: d'Oppositioun ass net der Meenung, dass et dem Land sou gutt geet, wéi d'Regierung seet. D'Ongläichheete gi weider an d'Luucht. Haut géifen 122.000 Leit ënnert der Aarmutsgrenz liewen, huet den neie Co-Fraktiounschef vun der CSV Gilles Roth ze bedenke ginn. Wärend der Kris wär net genuch un déi jonk Generatioun geduecht ginn. Déi et um Wunnengsmaart wuel ëmmer méi schwéier kritt. Zanter dem Untrëtt vun der Blo-Rout-Grénger Regierung sinn d'Logementspräisser ëm méi wéi d'Hallschent eropgaangen.

De Gilles Roth: "Dat kann een net aneschters soen. Ech gesinn nach d'Mme Nagel soen: lo maache mir hei emol Neel mat Käpp. Hire Kapp ass gerullt. Si hu se an d'Wüst geschéckt, wuertwiertlech. Mä ass dann do eppes geschitt? 2007 goufe 5.000 Logementer realiséiert. 2020 och".

Jo, d'Wunnengskris ass e Problem, confirméiert de gréngen Deputéierte François Benoy. Anescht wéi d'CSV ass hien awer dogéint, de Bauperimeter méi grouss ze maachen. Hie freet sech dogéint driwwer, dass eng Spuerpolitik elo mol evitéiert gi wär, och op europäeschem Niveau.

"De Relance-Pak weist, dass op europäeschem Niveau d'Zeeche vun der Zäit erkannt goufen. En ass sécherlech net perfekt. En ass awer exzeptionell an historesch. Wéinst dengem Montant. Am Ganzen huet d'EU 750 Milliarden Euro mobiliséiert, wouvun de Gros iwwer déi national Relance-Pläng un d'Länner verdeelt ginn. An da seng solidaresch Approche. Déi Memberstaaten, déi méi gelidden hunn, kréie méi aus dem Dëppen eraus."

Fir de Roy Reding vun der ADR ass et e Feeler, deene méi ze ginn, déi a sengen Aen einfach schlecht gewirtschaft hätten.

"Mir si géint eng "Scholdenunioun", dogéint, dass zesumme Scholde gemaach ginn. Dat heiten ass näischt anescht. Et ass an eisen Aen e Vertragsbroch."

Et wär een allerdéngs aus wirtschaftlecher Siicht bis elo stabil duerch d'Pandemie komm, lueft den LSAP-Deputéierte Claude Haagen.

"Eleng déi éischt dräi Méint vun dësem Joer goufe 45 Milliounen Euro debourséiert fir de Chômage partiel. Ënnert dem Stréch léisst sech festhalen, dass all déi Mesurë gutt gegraff hunn. De Chômage ass net explodéiert wéi gefaart. D'Ekonomie ass wäit manner zeréckgaangen, ewéi et um Ufank vum leschte Joer projezéiert gi war."

Dat wär de Verdéngscht vun der Finanzplaz, seet den liberalen Deputéierten André Bauler.

"De Finanzsecteur, dee geleeëntlech vun enger Rei Leit ugesi gëtt, wéi wann et den Däiwel selwer wär. Deen huet dofir gesuergt, dass eis Wirtschaft och wärend dem Lockdown net total zum Stëllstand komm ass."

Aus dëse Grënn gëtt fir zejoert net mat engem Réckgang vun 6 Prozent gerechent, mä mat engem Minus vun 1,3 Prozent vum PIB. Den David Wagner stëmmt dat net optimistesch.

"De Problem ass jo och deen, dass eis Croissance gedoppt ass. Déi entsprécht net onbedéngt den ekonomesche Realitéiten an der Realwirtschaft. Mir hunn eng Finanzplaz!"

Den Deputéierte vun déi Lénk mécht den Appell, virsiichteg ze sinn. En Thema, an deem et parteiiwwergräifend wuel e Konsens gëtt, dass de Manktem u qualifizéiertem Personal am Gesondheetssecteur. Dem Deputéierte vun de Pirate Sven Clement no, géif d'Regierung awer net genuch Sue mobiliséieren, fir de Problem laangfristeg an de Grëff ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO