Prozess wéinst Violatioun vum BeruffsgeheimnisDouanier op der Cour d'Appel fräigesprach, Parquet hat Prisong gefrot

RTL Lëtzebuerg
En Douanier, dee wéinst Violatioun vum Beruffsgeheimnis de Prozess gemaach kritt hat, gouf um Dënschdeg op der Cour d'appel an der Stad fräigesprach.

An 1. Instanz war hien dowéinst nach um Stater Geriicht zu enger Geldstrof vun 3.000 € verurteelt ginn.

Dem Mann war virgehäit ginn, am Februar 2013 op engem Bal e Mann, deen an Drogenaffäre verwéckelt war, gewarnt ze hunn, dass säin Telefon géif ofgelauschtert ginn.

Back to Top
CIM LOGO