E Prozess, dee wichteg ass, awer munchmol ass et e laange Wee. D’Ekipp vum Magazin weist en Dënschdeg den Owend e Reportage, wou et ëm den Ëmgang mam Doud an der Trauer geet. Do steet ënnert anerem e Besuch am Haus Omega un, wou eng 130 Leit d’Joer dat lescht Kapitel am Liewen opschloen. Souwuel d’palliativ Patienten, awer och hir Famill, gi vum Ufank bis zum Enn betreit.
Wéi geet et weider, wann e Mënsch verscheet ass, wéi soll een, respektiv soll een iwwerhaapt nach emol bei en? Eng vun de ville Froen, déi sech dann dacks stellen. Eng ganz perséinlech an individuell Entscheedung. Vun deenen, déi den Hannerbliwwenen zur Säit stinn, gëtt et recommandéiert, d’Persoun nach emol ze gesinn.
Nieft dem Haus Omega, schwätzt sech och d’Vanessa Grandjean, Responsabel vun de Psychologen am CHL dofir aus. Zemol een an der Pandemie gesinn huet, wéi wichteg et ass, datt d’Leit hire Verstuerwenen e richtegen Abschid kënne maachen. Der Psychologin no ass et och fir Kanner wichteg, do mat dobäi ze sinn, datt se sech net herno selwer eppes ausdenken.
Bei de Pompes Funèbres gesäit et dat änlech, allzedacks si si jo den éischte Kontakt no engem Stierffall. Wann et méiglech ass en Opboren ze maachen, leeë si de Leit dëst och un d’Häerz, et géif hëllefen, fir dat ze realiséieren, wat ee guer net well wouer hunn. Dëst ass dann een Deel vun der Traueraarbecht, e Prozess, deen hautzedaags dacks erofgespillt gëtt, well den Doud an der Gesellschaft tabuiséiert gëtt. Am grousse Reportage kommen dës Leit zu Wuert, déi Dag fir Dag mam Doud ze dinn hunn.
Ënnert der Telefonsnummer 260037-1 oder op omega90.lu fannt Dir all d’Informatiounen, fir iech bei schwéierer Krankheet oder an der Trauer begleeden ze loossen. D’Consultatioune si gratis!