Am Februar 2022 gouf d’Partei Fokus presentéiert. Mam Frank Engel, dem Marc Ruppert, dem Gary Kneip an dem Luc Majerus gouf se vu Leit gegrënnt, déi virdru schonn an anere Parteien aktiv waren. Ma trotzdeem ass et net duergaangen, fir bei de Gemengen-, den National- oder den Europawalen ee Mandat ze gewannen. Op hirem ausseruerdentlechen Nationalkongress um Samschdeg huet d’Partei sech personell deelweis nei opgestallt an och beim Numm gëtt et eng Verännerung.
Virun annerhallwem Joer stoung Fokus fir d’lescht am Fokus vun de Medien. D’Campagne fir d’Europawale huet sech virun allem ronderëm de Frank Engel an d’Monica Semedo gedréint. Wärend déi fréier DP-Europadeputéiert hir Parteikaart net erneiert huet, ass de fréieren CSV-President zwar nach Member, mee wäert an Zukunft an der zweeter Rei bleiwen.
An der éischter Rei wäert par Konter och déi nächst zwee Joer nach de Marc Ruppert stoen, deen unanime um Poste vum Parteipresident confirméiert gouf. Nei Generalsekretärin ass iwwerdeems d’Caterina Pellegrini, déi d’Successioun vun der Anne Winter untrëtt, déi aus beruffleche Grënn net méi kandidéiert huet. Eng Verännerung gëtt et och beim Numm vun der Partei, déi elo “Fokus. D’Alternativ mat Vernonft” heescht. De President Marc Ruppert erkläert firwat:
“Well vill Leit eis am Gespréich soen, mir sichen eng Alternativ, mee mir wëllen net op d’Extreemer falen. Mir hätte gäre Parteien, déi eis Problemer uschwätzen an déi grouss Parteie maachen dat net méi, dofir hu mer d’Alternativ gewielt, wuelwëssend, datt natierlech och aner Parteien um extreeme Bord dat Wuert benotzen. Mee mir hunn d’Wuert Vernonft dobäigesat, well mer vun Ufank un eng Partei waren, déi probéiert huet, net nëmme Problemer unzeschwätzen, mee och vernënfteg Léisungen ze bidden. Dat wëlle mer nach vill méi cibléiert maachen, mir kënnen net ee Supermarché sinn, wou mer alles proposéieren, mir wëlle wierklech gären op déi Haaptproblemer agoen, notamment och d’Wuesstemsproblematik, déi mer haut um Kongress grouss thematiséiert hunn an dat wäert eise Wee sinn.”
Dobäi kritiséiert ee bei Fokus net de Wuesstem u sech, mee vill méi, datt déi negativ Begleiterscheinungen net antizipéiert goufen. Dat géing doru leien, datt déi etabléiert Parteie beschtefalls bis bei déi nächst Wale plange géingen. Als Alternativ proposéiert Fokus, eng Kommissioun fir d’Zukunft an d’Resilienz ze schafen, déi sech, nom finnesche Virbild, mat strukturellen Zukunftsfroe beschäftegt. Déi Kommissioun sollt, opgedeelt op déi verschidde Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, aus 11 bis 13 Deputéierte bestoen, mee gëtt dann do net einfach d’Regierungspolitik weidergefouert? De Marc Ruppert mengt, datt dat net onbedéngt de Fall muss sinn.
“Déi Deputéiert bewäerten eng Politik, déi net nëmmen op déi 5 Joer geet, mee si bewäerten eng Politik, déi op 15 oder 20 Joer geet, dat heescht si hunn alleguerten een Interêt drun, notamment déi vun de grousse Parteien, fir net nëmmen ze kucken, ass et grad a mengem Interêt, fir déi nächst 5 Joer Politik ze maachen, well dat maache se souwisou an deenen anere Chamberkommissiounen an am Parlament, mee et geet drëm ze kucken, wat ass a 15 an an 20 Joer a wann ech da rëm an der Verantwortung sinn, sinn ech dann averstane mat deem, wat lo hei gemaach gëtt an droen ech dat laangfristeg mat? Et stëmmt, wa mer et net an de Käpp geännert kréien, da wäert och eng Kommissioun et net komplett änneren, mee dat finnescht Beispill, dat och vun anere Länner kopéiert gëtt, weist, datt et machbar ass.”
Eng entspriechend Motioun gouf dann och unanime ugeholl. Fokus huet aktuell eng 240 bis 250 Memberen, vun deenen der eng 40 de Wee op den Nationalkongress an engem Restaurant op der Stater Gare fonnt haten. Finanziell stéing d’Partei gutt do, virun 3 Méint hätt een dem fréiere Member Jacques Linster déi lescht Tranche vu sengem Prêt zeréckbezuelt, sou datt een elo keng Scholde méi hätt. An Zukunft wéilt een och keng méi ophuelen.