Wéi d’Police eis op Nofro hi matgedeelt huet, hätt een op Basis vun enger Vermësstemeldung en Haus kontrolléiert, wou een op verdächteg Géigestänn gestouss wier.
Kuerz virun 22 Auer e Mëttwochowend huet d’Police da weider Detailer zum Asaz kommunizéiert. Bei de verdächtege Géigestänn handelt et sech deemno ëm Waffen a Munitioun. Aus Sécherheetsgrënn gouf e Sécherheetsperimeter installéiert an d’Spezialunitéit vun der Police gouf op d’Plaz geruff. Och eng Partie Nopeschhaiser hu missen evakuéiert ginn.
Déi vermësst Persoun gouf schliisslech fonnt. D’Police geet iwwerdeems aktuell net vun engem Sécherheetsrisiko fir d’Bevëlkerung aus. De Sécherheetsperimeter wäert allerdéngs en place bleiwen, bis alleguer déi verdächteg Géigestänn séchergestallt goufen.