
Tëscht 08.30 an 18.10 Auer e Méindeg haten onbekannt Täter eng Terrassendier ageschloen a sech esou Zoutrëtt an en Haus an der Dikrecher Strooss zu Helsem verschaaft. Hei goufen eng Partie Wäertgéigestänn geklaut.
E weideren Abroch gouf et tëscht 8.00 an 19.15 Auer e Méindeg an der Rue de Sanem zu Nidderkuer. Hei gouf eng Spillkonsole a Bijoue geklaut.
Géint 01.40 Auer waren dem Bewunner vun engem Haus an der Strooss “An der Olek” zu Méischdref 2 verdächteg Persounen op sengem Terrain opgefall. Dës hate probéiert, duerch d’Garagendier an d’Haus ze kommen, waren allerdéngs fortgelaf, wéi de Proprietär si gesinn hat. Dëse war hinnen nach nogelaf, huet si awer aus den Ae verluer, wéi si sech wärend der Flucht getrennt hunn.
Géint 06.00 Auer en Dënschdeg de Moie gouf zu Rodange e Vëlo aus engem Vëlos-Keller geklaut. Direkt no der Dot krut d’Police dräi verdächteg Persoune gemellt, déi an engem Auto geflücht wieren. D’Enquête koum allerdéngs ouni Resultat op en Enn.
An alle Fäll gouf e Rapport geschriwwen an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet. D’Spueresécherung vun der Police war op der Plaz.