No Verkéiersaccident an IwwerfallD'Police sicht an zwee Fäll no Zeien

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg, den 9. Juni koumt et géint 19 Auer op der N16 (Scheierbierg) a Richtung Réimech tëscht engem Trakter an engem Auto zu enger Kollisioun.
© RTL-Archivbild

Den Automobilist hat mat sengem Gefier den Trakter iwwerholl, wéi et op Héicht vun engem Feldwee bei Réimech zur Kollisioun komm ass. D’Police sicht elo no Persounen, déi deen Ament op der Streck ënnerwee waren an den Accident gesinn hunn. Méiglech Zeie solle sech bei der Police vu Réimech/Mutfert mellen. Dëst entweder ënnert der Telefonsnummer (+352) 244771000 oder per Email: Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu.

Da ginn och nach Zeien am Zesummenhang mat engem Iwwerfall zu Esch gesicht. De 6. Juni war tëscht 2 an 3 Auer an der Nuecht e Mann an der Rue de Belvaux vun zwou männleche Persounen iwwerfall ginn. D’Täter hunn op d’Affer ageschloen an en Handy geklaut. D’Police sicht an dem Kontext no 2-3 Persounen, déi dem Affer gehollef hunn, fir eng komplett Zeienausso ze maachen. All weider Persounen, déi Informatiounen zum Iwwerfall kënne ginn, sinn och gebieden, sech bei der Police vun Esch ze mellen. Dëst entweder via Telefon (+352) 244 50 1000 oder per Email: Police.ESCH@police.etat.lu.
Um CR306 tëscht Groussbus a Viichten huet dann nach op der Nuecht op e Samschdeg géint 3 Auer een Automobilist d’Kontroll iwwer säi Won verluer a koum vun der Strooss of. Eréischt tëscht de Beem koum den Auto zum stoen. Béid Leit, déi zu deem Zäitpunkt am Won waren, goufe liicht blesséiert a fir eng Kontroll an d’Spidol bruecht. De Chauffer hat ze vill gedronk. De Fürerschäi misst hien awer net ofginn, wëll hien nach ënner 1,2 Promill louch.

Véier aner Chauffeure missten dogéint hire Fürerschäi wéinst Alkohol ofginn, dëst zu Rammerech, zu Huldang, zu Esch an an der Stad.

Back to Top
CIM LOGO