
D'Police warnt virun enger neier Well u Phishingmailen a Bedruchsversich am Kader vum Wiessel vum Bezuelsystem Payconiq op Wero. Dës Transitioun géif heefeg als Virwand genotzt ginn, fir perséinlech Donnéeën, Bankinformatiounen a Passwierder ze kréien.
An enger Rei Fäll hätte Leit Mailen oder Messagë kritt, an deene si gefrot ginn, op e Link ze klicken, fir bei Wero ze wiesselen. Duerno sinn d'Leit dann ugeruff ginn, vu Leit, déi gemaach hunn, wéi wa si fir eng Bank oder Luxtrust géife schaffen. Si hu behaapt, de Kont vum Client wier gehackt ginn oder et wiere verdächteg Transaktioune festgestallt ginn. Iwwert dee Wee gouf da probéiert weider Donnéeën aus de Leit erauszekréien respektiv Transaktiounen ze confirméieren.
D‘Police rappeléiert, datt keng Bank, Luxtrust oder soss e seriöen Acteur seng Clientë freet, Donnéeën un eng friem Persoun ze ginn.