
D’Täter erzielen, si wieren iwwerfall ginn a géifen dréngend Sue brauchen, fir zeréck an hir Heemecht ze reesen. Si géingen dacks Englesch schwätzen an hir Affer fir Boergeld froen, mat dem Verspriechen, d’Sue méi spéit iwwert Famill zeréckzebezuelen. Hir Sue kréichen d’Affer awer net zeréck, warnt d’Police e Mëttwoch an engem Schreiwes.
Dacks géingen d’Trickdéiwen hir Affer souguer bis bei den nächste Geldautomat begleeden, wou si dann d’Suen ophiewen. D’Police gëtt op dëser Plaz de Rot, dëse Leit keng Suen ze ginn an och op kee Fall mat hinne bis bei ee Bankomat ze fueren. Leit, déi op dës Aart a Weis ugeschwat ginn, sollen d’Police iwwert d’Nummer 113 alertéieren. Affer, déi eng Plainte maache wëllen, kënnen sech op dëser Plaz éischt Informatiounen anhuelen.