Ënner anerem 262 Avertissements taxés geschriwwenD'Police zitt de Bilan vun der Campagne "Gutt Gesinn"

RTL Lëtzebuerg
Vum 19. bis de 25. Januar huet d'Police am Kader vun der Campagne "Gutt Gesinn" uechter d'ganz Land Verkéierskontrolle gemaach.
© Domingos Oliveira

De Fokus louch dobäi op zwee Aspekter vum Code de la route, nämlech dorop, ob d’Chauffere genuch gesinn an dorop, ob si sech un d’Virfaartsreegelen halen.

Am Ganze goufen am Kader vun dëse Kontrollen 262 Avertissements taxés geschriwwen. Dobäi kommen nach eng Kéier 45 Rapports de Sommation, bei deenen d’Chaufferen net direkt op der Plaz musse bezuelen, mä fënnef Deeg Zäit hunn, fir hiert Gefier nees a Konformitéit mat de Virschrëften ze bréngen an dëst bei der Police ze presentéieren.

Ënner anerem gouf bei 162 Gefierer en Defaut bei de Luuchte festgestallt. Fënnef Chaufferen hunn net genuch aus hirem Gefier erausginn an an 18 Fäll war d’Nummereschëld net liesbar. Donieft krute 84 Chaufferen e Protokoll, well si iwwer eng Rout Luucht gefuer sinn a 34 kruten e Protekoll, well si e Stoppschëld ignoréiert hunn. Schliisslech si véier Chaufferen net bei Zebrasträife stoebliwwen, obwuel e Foussgänger oder Vëlosfuerer iwwert d’Strooss goe respektiv fuere wollt.

Back to Top
CIM LOGO