Sanitären AusnamezoustandDr. Emile Bock an Dr. Cyril Thix am Interview

Caroline Mart
De But vum Post vu béiden Doktere wier net gewiescht, fir Panik ze maachen, ma et wier wichteg, dass de Message bei de Leit ukënnt.
Dr. Emile Bock an Dr. Cyril Thix am RTL-Interview
De But vum Post vu béiden Doktere wier net gewiescht, fir Panik ze maachen, ma et wier wichteg, dass de Message bei de Leit ukënnt.

Sanitären Ausnamezoustand / Reportage Fanny Kinsch

Och wa mir et nach net all sou richteg spieren, et sech mat Momenter nach irreal ufillt, wien am Gesondheetswiese schafft, dee weess: mir sinn am sanitären Ausnamezoustand ! E Spidol wéi dat um Kierchbierg, dat deels de normale Betrib zou muss maachen, Zelter virun der Dier stoen huet, fir den Tri vun de Patienten ze maachen a Personal dat selwer reegelméisseg getest gëtt. Si sinn am meeschten exposéiert an ouni si brécht onse Gesondheetssystem zesummen an dorëmmer geet et den Dokteren och.

Den Dr. Emile Bock: “De But vum Post, dat ass guer net fir Panik bei de Leit ze maachen, d’Leit solle ganz calme bleiwen. De But war, fir wierklech de Message eraus ze ginn, dass mir ons alleguerte prett maachen, mä dass d’Verantwortung vun de Läit hei enorm wichteg ass, an dass se all déi Mesurë vun “éloignement social” respektéieren. Dat ass absolut vital, fir déi Epidemie hei an de Grëff ze kréien.”

Et kann ee léiere vun deene Länner, an deenen et scho vill méi schro ass. D’Doktere sinn am enkem Kontakt mat hire Kolleegen am Ausland an an den am uergste betraffene Gebidder. Fir dass et net och zu Lëtzebuerg zu italienesche Verhältnesser kënnt, dat heescht dass d’Spideeler net méi all d’Patiente kënne versuergen, bléif keng aner Wiel, wéi nach méi radikal Mesuren.

Den Dr. Emile Bock: “Idealerweis ass et ganz kloer, dass en totale Lockdown eng Necessitéit hei ass an dass Läit sech deementspriechend behuelen. Fir unzefänken, géing ech soen 2 Woche sinn e Minimum an da gesi mir wou mir dru sinn an der Kris.”

Wéi wäit ass de Virus dann zu Lëtzebuerg ukomm, wësse mir wéi schro d’Situatioun am Moment wierklech ass?

Den Dr.Cyril Thix: “Mir si leider an enger spekulativer Situatioun well mir hu keng Donnéeën, Tester si relativ wéineg gemaach ginn, also sou dass mir am Fong keng Aussoe kënne maachen iwwert déi reell Prevalenz um Terrain. Wann ech elo soen all Drëtten, dat ass eng puer spekulativ Meenung, dat ass meng perséinlech Meenung. Menge mëttlerweil si mir op deem Punkt, wou all 3. Träger ass vum Virus , de Confinement dee mir proposéieren, deen ziilt drop eraus, dass mir net bei 1 vun 2 kommen, oder nach méi héich !

Déi gutt Nouvelle bléift : an 80% vun de Fäll ass de Verlaf vun der Kränkt net dramatesch a wann ee keng Komplikatiounen huet, heescht et och do doheem bleiwen.

Den Dr.Cyril Thix: “Et muss een dervun ausgoen, dass wann een eng Gripp huet zu dësem Stadion, dass et héchstwarscheinlech Cornona ass an dass et do net méi ze maache gëtt, wéi sech einfach auszerouen. Wann awer elo Otemnout an d’Spill kënnt, dass ee sech richteg krank spiert, dat ass den Zäitpunkt, wou een effektiv soll an d’Klinik goen, fir sech ënnersichen ze loossen. Mä wichteg och do ass, Ressourcen ze schounen an d’Equippen net ëmsoss an Asproch ze huelen.”

Et bleiwe vill Inconnuen a vun Dag zu Dag muss d’Lag nei evaluéiert ginn, mä eent ass sécher, d’Liewen zu Lëtzebuerg wäert fir Wochen, vläicht Méint änneren. Mir all musse radikal ëmdenken.

Den Dr. Emile Bock: “Dat ass absolut richteg, et muss ee sech hei e neit Liewe virstellen, wat en anert zwar ass, wéi dat, wat mir bis elo haten, wat och seng Avantagë kann hunn, dat heescht net, dass et net gutt ass, et ass eben anescht.”

Dr. Emile Bock / Dr. Cyril Thix Wat op Spideeler duerkënnt, kéint ee sech net virstellen

Back to Top
CIM LOGO