Um HouwaldDräi Blesséierter bei Kollisioun tëscht Tram an Auto

RTL Lëtzebuerg
Um Houwald sinn en Donneschdeg de Moien en Tram an en Auto aneneegerannt. Dräi Leit goufe beim Accident liicht blesséiert.
Archivbild Tram
© Christophe Hochard

En Donneschdeg de Moie géint 7 Auer koum et um Boulevard des Scillas um Houwald zu enger Kollisioun tëscht engem Tram an engem Auto. Wéi de CGDIS schreift, wieren déi dräi Passagéier am Auto “ganz liicht” blesséiert ginn.

D’Spuer a Richtung Rond-point Gluck war dowéinst bis géint 8 Auer blockéiert.

Wéi de CGDIS dunn géint 11 Auer a sengem Bulletin preziséiert huet, waren de Samu-Noutdokter grad ewéi d’Rettungsdéngschter aus der Stad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO