Boulevard de KockelscheuerDräi Fürerschäiner fort no Vitesskontroll zu Gaasperech

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg den Owend huet d'Police um Boulevard de Kockelscheuer zu Gaasperech eng Vitesskontroll gemaach.

Eng ganz Rei Leit waren an der 50er-Zon ze séier ënnerwee, deels waren et souguer grav Verstéiss. A véier Fäll kruten d’Chauffeuren 2 Punkten ofgezunn a missten eng Strof vu jeeweils 145 Euro bezuelen. Géint véier weider Autosfuerer gouf eng Plainte gemaach, well si mat Geschwindegkeete tëscht 90 an 108 Stonnekilometer ënnerwee waren.

Back to Top
CIM LOGO