
En Dënschdeg huet eng Patrull vun der Police zu Bouneweg en Drogendeal beobacht. Esouwuel de Keefer, wéi och de presuméierten Drogendealer goufe vun de Beamte gestallt.
Am Kader vun der weiderer Enquête koumt et zu enger Perquisitioun zu Habscht. Hei goufe gréisser Quantitéiten Heroin a Kokain fonnt. De presuméierten Dealer vu Bouneweg an zwou weider Persounen, déi sech am Haus opgehalen hunn, goufe festgeholl. Si haten e Mëttwochmoie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
D’Police huet d’Drogen a geklaute Géigestänn, déi am Haus fonnt goufen, saiséiert.