Fir 2023D'Raiffeisen Bank zitt e positive Bilan

Tim Morizet
No engem Plus vun 23 Milliounen d'lescht Joer, kéint ee sech fir 2023 en änleche Chiffer erwaarden.
D'Raiffeisen Bank zitt e positive Bilan
No engem Plus vun 23 Milliounen d’lëscht Joer, kéint ee sech fir 2023 en änleche Chiffer erwaarden.

A punkto Zënse geet et fir d’Clienten déi nächst Wochen nach emol erop, éier et d’nächst Joer vläicht eng éischt Baisse kéint ginn. Déi nächst Jore soll virun allem an de physesche Reseau vun der Bank investéiert ginn. Och an Digitalitéit, ma wärend eng Rei Banke Point de Venten ofbauen, wëll d’Raiffeisen déi nächst Jore bei ronn 30 Agencë bleiwen.

De Laurent Zahles vum Direktiounscomité erkläert: “D’Agencë si fir eis den Haaptkanal, fir eis Servicer ze distribuéieren. Dat ass haut esou a wäert och an Zukunft esou bleiwen. Fir eis ass de Kontakt, deen ee mam Client huet, essentiel. D’Bank muss de Client kennen, mee de Client wëll och absolut säin Uspriechpartner kennen. Dofir ass de physesche Reseau eis esou wichteg.“

Héich Zënse si generell gutt fir d’Banken. Fir d’Raiffeisen war et en Nettozënsresultat fir 2022 vu plus 14 Prozent. Änlech Resultater kéinte fir 2023 erwaart ginn. Déi lescht zwou Haussë vun der Zentralbank goufe bis ewell net un de Client weiderginn, ma dat soll sech déi nächst Wochen awer änneren.

Prêt-Dossiere missten individuell gekuckt ginn an och d’Laangzäitverscholdung vun de Cliente misst evitéiert ginn. Déi aktuell Zäite géife weisen, datt et un de Banke wier, de Client och op d’Plaz ze stellen, wa Projeten net realisabel wieren.

Vum 1. Januar un gëtt et iwwerdeems e Changement un der Spëtzt vun der Bank. De President vum Direktiounscomité Yves Biewer gëtt vum Laurent Zahles ersat. Hien ass zanter 2007 bei der Bank.

Back to Top
CIM LOGO