Arcelor MittalD'Resultater fir 3. Trimester weisen no ënnen

RTL Lëtzebuerg
Och de Stolgigant steet duerch déi onsécher Zäiten ënner Drock. Ma Arcelor Mittal hätt awer scho reagéiert an eng Rei Käschte reduzéiert.
© AFP Archivbild

De Stolgigant mellt a sengem rezentste Rapport e Gewënn viru Steiere vun 2,7 Milliarden Dollar, d’Trimester virdru war dee Montant bal duebel sou héich. Am drëtten Trimester zejoert goufen iwwerdeems 6 Milliarden notéiert.

Den Nettobenefice chiffréiert sech op 1 Milliard Dollar. Am zweeten Trimester waren et bal 4 Milliarden. Zejoert goufen tëscht de Méint Juli a September 4,6 Milliarde verdéngt.

Déi éischt 9 Méint vum Joer louch den Netto-Revenu vum weltwäite Stol-Leader bei ronn 9 Milliarden, 2021 stoungen no dräi Trimestere bal 11 Milliarden ënnert dem Stréch.

De Gewënn viru Steiere louch dëst Joer no 9 Méint bei knapp 13 Milliarden, zejoert waren et op där Plaz 1,3 Milliarde méi.

Am drëtten Trimester wieren d’Präisser erof an d’Käschten eropgaangen, heescht et vun Arcelor Mittal, notamment déi héich Energiekäschte gi genannt.

De Stoltransport ass am Joresverglach ëm gutt 7% zeréckgaangen.

Et sinn onsécher Zäiten an den Drock ass grouss, heescht et an enger Prise de position vum Firmechef Aditya Mittal. Et hätt een awer d’Capacitéiten, fir séier ze reagéieren, fix Käschte wiere reduzéiert an de Gas-Konsum ëm en Drëttel gedréckt ginn. D’Dekarboniséierung géing op alle Fall eng iewescht Prioritéit fir Arcelor Mittal bleiwen.

Back to Top
CIM LOGO