Et gëtt manner kaf, ënnert anerem well vill Leit kee Prêt méi accordéiert kréien. D’Nofro no Locatiounswunnengen ass deemno an de leschte 6 Méint an d’Luucht gaangen an doduerch och d’Präisser vum gefrote Loyer.
Gefrote Loyere klammen
Den Observatoire de l’habitat erméiglecht en Iwwerbléck ze kréien iwwert d’Entwécklung vun de gefrote Loyeren. D’Hausse vun den annoncéierte Loyeren tëscht dem 3. Trimester 2021 an dem 3. Trimester 2022 läit bei +4,7%. D’Entwécklunge variéieren och tëscht de Gemengen. Zum Beispill ass den annoncéierte Loyer an der Gemeng Nidderaanwen bannent 10 Joer ëm 170% an d’Luucht gaangen.

Reform vum Bail an dem Loyersplaffong
Ufank Oktober huet de Logementsministère eng Reform vum Loyersgesetz annoncéiert. Dat Gesetz geet zeréck op d’Joer 1955. Zënterhier gëllt zu Lëtzebuerg e Plaffong um Loyer. D’Proprietären dierfe maximal 5% vum Capital investit vun hirem Appartement oder Haus froen, gerechent um reevaluéierten an decotéierte Montant. Déi leschte Kéier ass d’Loyersgesetz am Joer 2006 reforméiert ginn. Am neie Projet de loi solle ganz vill verschidde Punkten ugepasst ginn. D’Upassung vum Loyersplaffong ass just eng vu ville geplangten Elementer, déi an Zukunft am Kontrakt tëscht Locataire a Proprietäre sollen obligatoresch ginn.
De Mike Mathias, Premier conseillier am Logementsministère, reagéiert op d’Kritik:
“Mir hu jo verschidde Kriticken, déi vun der enger Säit kommen, soen, dat dote féiert elo zu exzessive Loyeren oder zu enger Steigerung vun de Loyeren, wou ee wierklech muss drop äntweren: E Plaffong vum Loyer, deen dofir do ass, fir festzestellen, ob e Loyer exzessiv ass, féiert haut net dozou, dass d’Loyere méi héich sinn, wéi se eigentlech kéinte sinn, a wäert dat och an Zukunft net maachen. Dat ass den éischte Punkt. De Loyersplaffong ass awer och net dofir do, fir d’Loyeren ze reduzéieren, well dat ass wéi gesot de grousse Spagat, deen ee muss maache mat enger Regulatioun vun de Loyeren, dass een de Locatiounsmarché net ausdréchent, well een domat d’Locatairen a nach vill méi grouss Schwieregkeete géif bréngen.”
Logementsministère wëll méi Transparenz an de Bail bréngen
Am Projet de loi ass virgesinn, dass an Zukunft all Bail muss schrëftlech gemaach ginn a gewëssen Indikatioune mussen drastoen. De Proprietär soll uginn, wat no senge Berechnungen, de reevaluéierten an decotéierte Montant vum Capital investit vun dem Appartement oder Haus ass. Fir op dëse Montant ze kommen, ass jee nodeems méi einfach oder komplizéiert. Komplizéiert dann, wann e Proprietär scho méi laang am Besëtz vun der Wunneng oder dem Appartement ass an een deemno wéi muss en Expert bezuelen, deen de Capital investit bewäert. Dëse Montant spillt eng Roll an der Commission des loyers oder virum Riichter, wann iwwert d’Héicht vum Loyer gestridde gëtt. Bis elo ass de Montant vum Capital investit just dann ausgerechent ginn. Elo soll all Proprietär dat am Virfeld maachen an dem Locataire kommunizéieren. Bleift ofzewaarden, wat d’Dateschutzkommissioun dozou seet.
An Zukunft sollen zwee Sätz an all Bail stoen, déi uginn, dass de gefrote Loyer de legale Plaffong respektéiert an, dass béid Parteien d’Méiglechkeet hunn, bei d’Commission des loyers ze goen.
Op der anerer Säit seet de Mike Mathias vum Logementsministère:
“De Loyersplaffong ass näischt, wat sech dem Proprietär an dem Locataire imposéiert. De Bail ass fir d’éischt eppes, wat fräi ausgehandelt gëtt tëscht Proprietär a Locataire an do gëtt eng Ënnerschrëft drënner gesat, wa se sech iwwert e gewëssene Präis eens gi sinn. An de Präis ass natierlech ofhängeg vun Offer an Demande um Loyersmarché. Wann duerno de Locataire fënnt, dass awer elo definitiv de Loyer ze héich ass, da kann e bei d’Commission des loyers goen. An da spillt déi Reegel vun 1955, wou Commission des loyers oder Friddensriichter kënne kucken, si mer hei nach am grénge Beräich oder si mer scho wäit doriwwer eraus.”
RTL NEWS: En neit Doheem ze fannen, gëtt zu Lëtzebuerg net méi einfach
Dir hutt D’Wuert: Wéi erlieft Dir déi ablécklech Situatioun um Logementsmaart?