En neit Doheem ze fannen, gëtt zu Lëtzebuerg net méi einfach

© Serge Pauly/RTL
Eng ugespaante Situatioun gëtt et um Immobiliëmarché schonn zënter Joren. An engem Joer ass d'Baue vu Wunnhaiser knapp 16 Prozent méi deier ginn.
Dat ass déi héchste Joresvariatioun zënter bal 50 Joer, sou de Statec. D'Grënn fir déi héich Baupräisser leien op der Hand: déi héich Energie- an Baumaterial-Präisser drécken natierlech op de Maart a brénge mat sech, dass d'Fraisen op de Chantiere konstant klammen. Sou ginn ënnert anerem Terrassementsaarbechte méi deier an och den Transport vun de Wuere geet an d'Geld. Weider Hausse ginn et bei de Präisser fir Garagëpaarten, Fënsteren a Fassaden. Net weider méi deier goufen iwwerdeems Daachdecker-Aarbechten an och d'Holz-Präisser hu sech stabiliséiert, sou dass d'Fraise fir Gespärer manner séier geklomme sinn, wéi aner handwierklech Aarbechten um Bau.
Doduerch dass d'Präisser konsequent klammen, wäerten elo och d'Feierassurancë méi deier ginn. Dës muss de Bauhär fir seng Chantieren an de Réibau ofschléissen.
Net nëmmen d'Baupräisser schrecken eng Partie Leit of, sech en neit Doheem zouzeleeën. Och déi héich Zënse spillen eng Roll. Dat huet seng Konsequenzen.
Et gëtt manner gebaut
Wärend 2021 nach Baugeneemegunge fir méi wéi 4.600 Wunnengen ausgestallt goufen, waren et der 2022 just nach ëm déi 3.300. Dat ass en Ënnerscheet vu knapp 28 Prozent. Kuckt ee sech d’Zuele vun 2018 an 2019 un, fält dëst nach méi op. Deemools goufen nämlech nach ëm déi 5.500 Logementer d’Joer gebaut.
Dat spieren den Ament besonnesch d’Immobilienagencen an d’Promoteuren, sou de Jean-Paul Scheuren vun der Chambre Immobilière. Dowéinst ass een och am Gaangen, eng Demande fir e Chômage partiell auszeschaffen. De Logementsminister Henri Kox iwwerdeems confirméiert, dass de Staat Projete vu Promoteuren opkafe wëll. Esou soll e Chômage partiell verhënnert ginn.
Dat léist de Problem awer just zum Deel. Wann nämlech manner gebaut gëtt, hunn d’Handwierker och manner Aarbecht an dat wäert een an e puer Méint ze spiere kréien, sou de Christian Reuter vun der Handwierkerfederatioun.
"Den Ament hu mir nach Aarbecht bis Juni"
Bis ewell kéinten d’Betriber hir ganz Ekipp nach beschäftege mat Projeten, déi nach lafen. Ma am Summer kéint et da méi komplizéiert ginn, sou de Christian Reuter. Iwwert e méigleche Chômage partiell gëtt bei der Handwierkerfederatioun awer nach net diskutéiert.
Dir hutt d'Wuert
E Mëttwoch hutt Dir op RTL d'Wuert a kënnt är Froen zum Logement zu Lëtzebuerg stellen. Mat dobäi sinn de Mike Mathias an de Charel Pletsch.