E Mëttwoch hat Dir op RTL d'Wuert a konnt Är Froen zum Logement zu Lëtzebuerg stellen. Mat dobäi waren de Mike Mathias an de Charel Pletsch.

Manner Baugeneemegungen, manner Venten a manner Prêten an duerfir awer méi héich Baukäschten an Zënsen an nach méi e groussen Drock, sou kann ee graff déi ablécklech Situatioun um Lëtzebuerger Wunnengsmaart ëmräissen. Mir hunn e Mëttwoch de Moien eisen Nolauschterer an Nolauschterinnen d'Wuert bei eis um Radio ginn, fir hir Impressiounen an Iddie mat zwee Experten ze diskutéieren. D'Claude Zeimetz mam Resumé vun der Emissioun.

De Responsabele fir de Reseau vun den Agencë bei der Spuerkeess Charel Pletsch huet erkläert d'Banken hätten hir Krittären, fir Prêten ze ginn, net verschäerft. Duerch déi méi héich Zënsen hätten awer méi Leit Schwieregkeeten Immobiliëprojeten ze finanzéieren. Problemer beim Zréckbezuele géif een nach keng mierken. Bis Abrëll misst een awer nach mat zwou weideren Zënshaussë rechnen.

Een Nolauschterer huet bedauert, datt et nach ëmmer keng legal Basis fir "Tiny Houses" zu Lëtzebuerg gëtt. Do géif den Ament am Inneministère un engem Règlement-type geschafft, sou de Premier Conseiller am Logementsministère Mike Mathias. Op d'Fro, ob een d'Enregistrementskäschten net reduzéiere kéint, sot hien, "do muss ee sech vläicht och eng Kéier als Gesellschaft d'Fro stellen: Ass et da beim Immobiliësecteur sënnvoll d'Transaktiounskäschten héich ze halen oder ass et méi sënnvoll méi eng héich Grondsteier ze hunn? A wann een da mat den Transaktiounskäschten eventuell erofgeet, do si sécherlech Iwwerleeungen, déi ganz nëtzlech wieren".

Allgemeng géif ee gesinn, datt de Marché sech amgaang wier ze berengegen, sou nach de Mike Mathias. Dat géif déi nächst 12 bis 18 Méint sécher en haarde Match ginn. Mä et wier awer net richteg, alles sou weider lafen ze loosse wéi bis elo. Proposen, fir op de Marché anzewierken an den Invest ze stäerken, géife vun der Politik awer gekuckt.

Dir hutt d'Wuert vum 18. Januar 2023

"Dir hutt d'Wuert" vun 8.10 Auer un. Schéckt eis är Meenung era via e Formulaire op eisem Internetsite RTL.lu oder telefonéiert eis en Dënschdeg de Moien op den 13 30.