
D'Police hat gesinn, wéi e Mann en Dealer bezuelt huet a wéi deen dem Client uschléissend Droge ginn huet. An der Suite goufe béid Persoune festgeholl. Den Dealer hat 7 Kokainkugelen a Boergeld bei sech.
Béid Männer hu sech e Samschdeg de Moie virum Untersuchungsriichter misse veräntwerten.