
Si stäipt der Inneministesch Taina Bofferding fir en “ambitéise” Projet de Réck.
Haaptzil vun der Reorganisatioun, dem sougenannte “Plan national d’organisation des secours“ ass et, datt Rettungsdéngschter bannent 15 Minutte maximum all Plaz am Land erreechen. Dofir muss d’Gerüst vu Beruffspompjeeën a vu Fräiwëllegen op- oder ausgebaut ginn an eng „éierlech“ Aschätzung vun de Käschte wier eben 10% op 5 Joer gekuckt, esou d’Gewerkschaft.
De Gemengesyndikat Syvicol hat d’lescht Woch gefrot, wéi et kéint sinn, datt d’Gemengen 10% méi misste bezuelen, iwwerdeems de Staat de Gemenge géing manner Sue fir d’Rettungsdéngschter ginn. Ënnert anerem huet de Syvicol gefrot, firwat elo méi Beruffspompjeeë solle rekrutéiert ginn ewéi 2018 nach virgesinn, an en huet gefrot, firwat net méi op privat Déngschtleeschter gesat gëtt, fir den Transport vu Patienten.
D’Pompjeesgewerkschaft seet um Méindeg de Moien: “Wann dëst Investissement an d’Sécherheet vun de Bierger elo verschiddene Leit ze deier ass, sollen se hire Wieler dat riicht eraus soen.“