De Satellitte-Park zu Betzder präägt nach ëmmer d’Bild vun enger laanger an erfollegräicher Geschicht. D’SES ass bannent Joren zu engem vun de gréisste Satellittebedreiwer vun der Welt ginn an ass dat bis haut. An de leschte Joren huet ee méi schwiereg Zäiten duerchgemaach. Ma den Ament schaffen esouvill Leit wéi nach ni virdrun hei zu Lëtzebuerg an d’Joer 2021 ass gepräägt vun neie Projeten.
Zanter e puer Joer huet d’SES keng Satellitte méi lancéiert, dëst Joer sollen der direkt e puer starten. 2021 gëtt fir d’SES ee ganz wichtegt Joer. Déi wichtegst Entwécklung zanter e puer Joer wier den Opbau vun enger neier Konstellatioun, esou de Ferdinand Kayser, Chief Commercial Officer vun der SES. O3B-Mpower-Satellitte sinn net geostationär, mä fléie knapp 8.000 Kilometer iwwert der Äerd.
D’Konstellatioun besteet an enger éischter Phas aus 11 Satellitten a gëtt mat SpaceX-Rakéiten an den All geschoss. De Video-Beräich ass an de leschte Jore staark zréckgaangen. D’Wuesstemspotenzial géif kloer an den Netzwierker leien, beispillsweis d’Dateniwwerdroung oder den Internet per Satellit.
640 Leit schaffen den Ament hei zu Lëtzebuerg, esou vill wéi nach ni virdrun, de Grand-Duché wier e wichtege Standuert a géif e bleiwen.