#Nationalfeierdag2020D'Stad Lëtzebuerg lancéiert digital Campagne "Solidaritéit"

RTL Lëtzebuerg
Wéinst der Corona-Pandemie an de sanitäre Mesuren, ass et dëst Joer net méiglech den Nationalfeierdag esou ze feieren, wéi mir et kennen.

Keng Militär-Parad, kee Freedefeier an och keng gréisser Festivitéiten: Dëst Joer ass et op Nationalfeierdag e bësse méi roueg am Land. D'Stad Lëtzebuerg wëll d'Mënschen op eng aner Manéier zesummebréngen, am Respekt mam Social distancing, a lancéiert an deem Sënn déi digital Campagne "Solidaritéit, Solidarité, Solidarity".

PDF: Affiche Nationalfeierdag 2020

Back to Top
CIM LOGO