Chamber-FinanzkommissiounD'Steierreform wäert just mat de Stëmme vun der CSV-DP-Majoritéit ugeholl ginn

François Aulner
De Vott iwwert d'Steierreform dierft an der Woch vum 27. Oktober sinn.
Mat der Steierreform vum Finanzminister Gilles Roth gëtt de Steiersystem individualiséiert.
© RTL

D'Steierreform wäert just mat de Stëmme vun der CSV-DP-Majoritéit ugeholl ginn. An der Chamber-Finanzkommissioun hunn d'Deputéiert vun CSV an DP en Dënschdeg de Moien de Rapport ugeholl. D'LSAP an d'Piraten hu sech enthal. D'ADR an déi Gréng hunn dogéint gestëmmt. Déi Lénk soten ons, si hätten nach keng definitiv Decisioun geholl.

Mat der Steierreform vum Finanzminister Gilles Roth gëtt de Steiersystem individualiséiert. En neien, eenzege Barème "U" ersetzt déi 3 aktuell Steierklassen an orientéiert sech un der Klass 1A.

Besonnesch Jonggeselle ginn duerch d'Reform entlaascht. A Prozenter ausgedréckt, komme besonnesch déi niddreg Revenue gutt ewech. An absolutten Zuele kritt bal jiddereen – och héich Revenuen - eppes bäi.

Fir bestuete Koppelen, an deenen ee Partner méi ewéi 75 Prozent vum Revenu generéiert a mam Barème "U" verléiere géingen, ass eng Transitiounsphas vu 25 Joer virgesinn. D'Reform soll eréischt 2028 a Kraaft trieden.

Kritik gëtt et ënnert anerem, well d'Steierreform mat bal enger Milliard Euro d'Joer deier ass a well de Familljemodell, an deem béid Partner schaffe ginn, géing gefërdert ginn.

De Vott iwwert d'Steierreform dierft an der Woch vum 27. Oktober sinn.

Back to Top
CIM LOGO