
Den Direkter vum Staatslabo, de Prof. Friedrich Mühlschlegel, seet, datt mer, bis mer eng Impfung hunn, musse mer smart Testen, fir d'Infektiounsketten ze ënnerbriechen. Och Schnelltester, déi geschwë kéinten op de Marché kommen, géifen d'Spillreegelen änneren.
Zanter Ufank Mee goufen am Staatslabo ronn 25.000 PCR-Tester duerchgefouert, fir de Sars-CoV-2 nozeweisen.
Smart Testen
Am Podcast Exit! An elo? mécht sech den Direkter vum LNS staark, datt mer smart testen zu Lëtzebuerg, bis eng Impfung do ass. Dat géif bedeiten, datt ee geziilt Persoune reegelméisseg op de Virus kontrolléiert. Fir ëmmer weider ze garantéieren, datt keng weider Plazen entstinn, wou de Virus nees u Buedem gewënnt.

Wéini war de Virus do?
Den LNS steet an de Startlächer, fir där wichteger Fro nozegoen. Den éischten offizielle Fall gouf et de 29. Februar 2020. Ma et wier extrem wichteg ze wëssen, wéini de Virus am Land zirkuléiert ass. De Staatslabo wëll nach emol al Prouwen op de Sars-CoV-2 testen, ma do missten nach ethesch Froe gekläert ginn.
Schnelltester
Et ass een och den Ament an engem Projet involvéiert, fir Schnelltester ze validéieren. Wann dat géif klappen, wier et ee "Game changer", esou de Prof Friedrich Mühlschlegel. Esou kéint ee vill méi séier positiv Leit detektéieren a kéint se méi séier isoléieren.
Lauschtert de Podcast elo
Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.
De ganze Podcast mat zousätzlechen Detailer fannt Dir ënnert podcast.rtl.lu.
Den Exit aus der Corono-Kriis begleed vun Experten, haut ass den Direkter vum Staatslabo den Friedrich Mühlschlegel Invité.
Den Exit aus der Corono-Kris begleet vun Experten. Mat Tipps zu alldeegleche Situatiounen an den Neisten Entwécklungen.
"Exit! an elo?" mam Paul Wilmes. Zu den Themen: Nei-Infektiounen, Opmaache vu Caféë a Restauranten an enger méiglecher zweeter Wëll.
Wat bréngt et breet op de Coronavirus ze testen? Vill, esou den Ulf Nehrbass vum Luxembourg Insitute of Health.
Eng méiglech zweet Well vu Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg ka verhënnert ginn.
Mam Dokter Gerard Schockmel, Infektiolog aus den Hopitaux Robert Schuman, schwätzt de Pierre Weimerskirch iwwert d' Entwécklung vun Impfstoffer.
