
Normalerweis gëtt eréischt méi spéit am September gelies.

Mir waren zu Ohn bei engem jonke Wënzer op Besuch a kruten en Abléck an d'Aarbecht vun engem Wënzer an d'Léift zur Drauf, déi do dohannert stécht. Donieft kruten eis Reporter gewisen, wéi ee Wee d'Drauf duerchleeft, bis se am Wäikeller, respektiv der Fläsch ukënnt. Keng Baler, kee Gegrills, keng Musek, awer d'Lies an de Wéngerte leeft op Héichtouren. Wéi dëst a Corona-Zäite méiglech ass a wéini een zu Lëtzebuerg nees mat Fiederwäissen dierf rechnen, krute mir op der Musel verroden.
Lauschtert all eis Reportagen iwwert d'Drauwelies 2020 hei am Replay.