
Dat ass e Plus vu 555 Chômeuren oder 3,8% op e Joer gekuckt. De Chômagetaux läit elo bei 5,5%.
Déi Hausse war virun allem déi leschte Méint z'observéieren. Wéi d'ADEM an hirem Schreiwes präziséiert, wier déi dorobber zeréckzeféieren, datt d'Beneficiairë vum REVIS sech beim Aarbechtsamt ugemellt hunn. Zanter Ufank vum Joer ass dat neit Gesetz iwwert de REVIS a Kraaft getrueden.
Och wann d'Zuel vun de Chômeure par Rapport zum leschte Joer geklommen ass, ass d'Zuel vun den oppene Plazen, déi vun den Employeure beim Aarbechtsamt gemellt goufen, stabel bliwwen. Dëst Joer waren et 3.597 fräi Plazen, dat sinn dräi Poste méi wéi zejoert.
Déi meescht fräi Aarbechtsplaze fënnt een am Finanzsecteur, der Comptabilitéit an an der Informatik, oder och nach am Handwierk.