Smart CityE bessere System, fir d'Leit bei engem Drénkwaasserproblem z'informéieren

RTL Lëtzebuerg
Drénkwaasser ass eng essentiell Ressource, dofir sollen d'Leit am Fall vun enger Perturbatioun dat méi einfach matgedeelt kréien.
© AFP

Am Kader vun der Strategie “Smart City” huet d’Stater Gemeng en neie System virgestallt, dee bei engem Problem am Drénkwaasserreseau d’Leit informéiert.

Bei enger Perturbatioun um Drénkwaasserreseau géif de System e Message um Internetsite vun der Ville de Luxembourg uweisen. Wann een dann op dëse Message dréckt, da gëtt een op eng Säit weidergeleet, déi déi wichtegst Informatiounen zum Virfall resuméiert. Dës Donnéeë ginn dann ëmmer rëm aktualiséiert, bis et eng Entwarnung gëtt.

Ausserdeem proposéiert de Site verschidden Äntwerten zu deene meescht gestallte Froen, wéi zum Beispill d’Dauer vun enger Pann oder wat ee maache soll, wann d’Drénkwaasser e komesche Geroch huet.

Mat der Cityapp-VDL soll et fir Benotzer dann och méiglech sinn, e Widget an d’Applikatioun ze placéieren. Mat deem Widget huet een direkt Zougang zu de wichtegsten Informatiounen iwwert d’Drénkwaasser. An engem Fall vun enger Perturbatioun am Waasserreseau gëtt d’Persoun, mat der Viraussetzung, datt d’Notifikatioune fir dëse Widget aktivéiert sinn, informéiert.

PDF: Schreiwes vun der Stad Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO