CGDISE Camion-Simulator fir d'Pompjeeën zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
D'Si­FaT Road Safe­ty GmbH huet e Camion-Simulator entwéckelt, fir d'Formatioun vu Pompjeeën ze vereinfachen an ze verbesseren.

Entgéintgeholl huet de CGDIS dëse Simulator e Samschdeg. Et handelt sech ëm en Apparat, deen zum Deel vun der Europäescher Unioun finanzéiert gouf, dat am Kader vum Projet INTER'RED. D'Zil ass et, de Pompjeeën en Outil ze ginn, deen d'Sécherheet an den Asätz garantéiere kann.

Wéi funktionéiert de Fuer-Simulator?

An enger Camion-Kabinn ginn d'Participantë mat ënnerschiddlechen Zenarioe konfrontéiert, deels mat ganz kritesche Situatiounen. Esou kënne si hir Reflexer developpéieren, déi an enger Noutsituatioun dem Chauffer säi Liewe rette kënnen, wéi och dat, vun den anere Secouristen.

Wéi et am Schreiwes heescht, stellt de CGDIS de Simulator net nëmme Pompjeeën zu Lëtzebuerg zur Verfügung, mä och deenen an der Groussregioun, fir dass een iwwert d'Grenzen ewech vun der neier Technologie profitéiere kann.

PDF: Communiqué CGDIS (9.5.2020)

Back to Top
CIM LOGO