
Am Feierowendtrafic waren op der A13 a Richtung Schengen 3 Autoen anenee gerannt. Dobäi blouf et awer beim Materialschued, genee wéi bei engem Accident kuerz no 18 Auer tëscht Eschduerf an dem Heischtergronn. Do war een Auto an e Bam gaangen.
1 Blesséierte mellt de CGDIS da géint 19 Auer op der A13 Richtung Péiteng. Zwee Autoe waren am Accident verwéckelt.
Géint 23 Auer e Freideg den Owend ass een Auto tëscht Uespelt an Altwis bäigaangen. Et gouf kee blesséiert.
A kuerz virun Hallefnuecht e Samschdeg ass tëscht Ueschdref an dem Misärshaff een Auto op d’Kopp gaangen. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.